En onméiglecht Buch

Dear readers,

haut ass et offiziell an den Drock gaangen: d’Buch zum HYDRE_12_Impossible_cover_cmyk.inddImpossible Readings 7, erausbruet zesummen mat Hydre Éditions

Dest Buch as d’Resultat vun der vermeintlech onméiglecher Zesummenaarbscht vun eisen 12 Auteuren – si hu just den läschten Absatz vum Text virdrunner gesinn, an d’Geschicht op hier Manéier weidergesponnen. Dobäi ass en 4-sproochegt Unikat entstaanen, daat net nemmen an enger 12h-Stonne Liesung mat Musék wäert présentéiert ginn, mee eben och an Printform erauskomme wärt.

Den 2.7. wäert et d’Buch dann och bei eis am Pavillion am Mudam  ze kafe ginn. Där kennt iech awer och déi limitéiert Versioun, mat den Signaturen vun allen 12 Auteuren, op eisem Crowdfunding (http://kck.st/1XafiBn) reservéieren!

Crowdfunding gestart!

Fir eis grouss Impossible Readings 7 brauche mir nach Är Ennerstetzung, an hun dofier eng Crowdfunding-Aktioun gestart!

Fir dëse ganz grousse Projet kënnen ze realiséieren, ginn d’Contributioune vun de Partner (Mudam Luxembourg, Centre National de Littérature, Ministère de la Culture) net duer. Et as e Project, dee Liesung, Koncert an Buchveröffentlechung kombiniéiert, an un deem 18 Kenschler*innen, en Koordinationsteam vun 4 Persounen, plus technescht Personal bedeelegt sin, an déi wëlle mer all adequat rénuméréiren. Mir brauchen dofir är Hëllef a bidden Iech en Echange eng ganz Rei flott Kaddoen un!

https://www.kickstarter.com/…/1656677…/impossible-readings-7

Een vun de ville Kaddoen as z.b. des Täsch mat der ILL-Flantermaus, déi vum Julie Conrad Design Studio entworf gouf!

ILL-Totebag_JCDS
Julie Conrad Design Studio