Impossible Readings 8

De 25. Abrëll ass et souwäit : Independent Little Lies léisst, am Kader vun de Journées du livre et du droit d’auteur 2017, an Zesummenaarbecht mam Kulturministère a mam Nationalarchiv nees d’Wierder danzen. Nom grousse Succès vun der 7. Editioun vun eiser Liesungsrei, d’läscht Joer fir den 10. Gebuertsdag vum Mudam, dréint sech dëst Joer – wéi kéint et och anescht sinn ? – alles ëm d’Lëtzebuerger Sprooch.

Mir hunn eis d’Fro gestallt : Wéi kann een d’Lëtzebuergescht iwwerhaapt bewäerten ? Wéi ass et fir e Schrëftsteller sech mat eiser Sprooch auserneen ze setzen ? Ass Lëtzebuergesch iwwerhaapt eng literaresch Sprooch ? A wann net : Ass et dann dee ganzen Trara a Klimmbimm ëm eis Sprooch wäert ?
Mat dräi Schrëftsteller déi sech effektiv an eiser Heemechtsprooch ausdrécken : Diane Neises, Ian De Toffoli a Gast Groeber probéiere mer, deene Froen op de Grond ze goen an doraus en Text ze maachen deen – ënnert der Regie vum Elsa Rauchs – vum Claire Thill a Marc Baum am Archiv virgestallt gëtt. Freet iech also op e spannenden Owend deen eis ganz Sproocheproblematik mol aus engem anere Wénkel op de Leescht hëlt.

Den 23. Abrëll gëtt all Joer a ville Länner op der Welt, den Unesco Weltdag vum Buch an den Autorerechter gefeiert. Zu Lëtzebuerg dinn sech d’Acteure vum Buch säit 2007 zesummen fir déi lëtzebuergesch Editioun vum Weltdag vum Buch an den Autorerechter z’organiséieren. D’Editioun 2017 fënnt vum Sonndeg den 23. Abrëll bis zum Samsdeg den 29. Abrëll statt an huet als gemeinsamt Thema « Mam Buch an d’Zukunft » : Wéi gesi mir d’Zukunft ? Wéi ass d’Zukunft an der Literatur thematiséiert ?

Text : Ian De Toffoli, Gast Groeber, Diane Neises
Regie : Elsa Rauchs
Mam Marc Baum a Claire Thill.

Eng Produktioun vun Independent Little Lies, op Commande vum Kulturministère am Kader vun de Journées du livre et du droit d’auteur 2017, an Zesummenaarbecht mam Nationalarchiv.

Visual:  ©BRKFST

Advertisements